AUSBLÉCK OP D'CHAMBERWOCH VUM 21.September 2026

Klimabonus Mobilitéit soll bis 2030 verlängert ginn

D’Hëllefe beim Kaf vun emissionsfräie Gefierer solle bis Mëtt 2030 weiderlafen. E Mëttwoch starten an der Chamber déi parlamentaresch Aarbechten um Gesetzprojet. Och d’Immigratiounsdirektioun, d’Aarbechtsrecht an d’Lëtzebuerger Sprooch stinn dës Woch op der Agenda vun de Kommissiounen.

De Klimabonus Mobilitéit soll ëm véier Joer bis den 30. Juni 2030 verlängert ginn. E Mëttwoch, den 23. September, beschäftegt sech d’Ëmweltkommissioun fir d’éischt mam entspriechende Gesetzprojet.

D’Hëllefe fir emissionsfräi Autoen, Camionnetten a Vëloe solle bei 1.000 bis 6.000 Euro bleiwen. Eng Ännerung ass vun 2027 u geplangt: An Zukunft soll d’Subventioun op Wonsch direkt vun der Rechnung ofgezu kënne ginn. De Keefer misst dann net méi op de Remboursement waarden.

Am Nomëtteg steet och nach eng Entrevue mat der Exekutivdirektesch vun der Europäescher Ëmweltagence, Leena Ylä Mononen, um Programm.

Immigratiounsdirektioun nees an der Chamber

Och d’Virgäng an der Generaldirektioun vun der Immigratioun wou et ëm gefälschten Dokumenter geet sinn e Mëttwoch nees Thema.

D’Deputéiert tausche sech iwwer d’Äntwerte vum Inneministère op parlamentaresch Froen zu de judiciairen Operatiounen an der Immigratiounsdirektioun aus. 

Aarbechtsrecht a Lëtzebuerger Sprooch

An der Aarbechtskommissioun kommen zwee weider Gesetzprojeten zur Sprooch. Lëtzebuerg soll seng Reegelen iwwer den Detachement vu Salariéen un europäesch Ufuerderungen upassen. Donieft gëtt um Regimm vum externe beruffleche Reclassement geschafft, nodeems d’Verfassungsgeriicht 2025 en Uerteel dozou gesprach hat.

D’Kulturkommissioun beschäftegt sech hirersäits mat enger Reform vum juristesche Kader vun der Lëtzebuerger Sprooch. Eng Onkloerheet am Sproochegesetz vun 1984 soll gekläert an d’Gouvernance vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch nei gereegelt ginn. De Kulturminister stellt ausserdeem d’Regierungsstrategie am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch vir.

International Visitten

Schonn en Dënschdeg, den 22. September, empfänkt déi aussepolitesch Kommissioun de Wang Xueyong, Generaldirekter fir Westeuropa am internationalen Departement vum Zentralkomitee vun der Kommunistescher Partei vu China fir en Echange.

En Donneschdeg, de 24. September, kënnt de President vum georgesche Parlament, Shalva Papuashvili, fir eng offiziell Visitt an d’Chamber. Hie soll sech mat Deputéierten aus der aussepolitescher Kommissioun a Membere vum Chamberbüro austauschen.