D’Deputéiert aus der Educatiounskommissioun, dorënner de Ricardo Marques, Jeff Boonen, Alex Donnersbach, Paul Galles a Jean-Paul Schaaf, hunn sech mam Educatiounsminister Claude Meisch iwwer d’Resultater vun der PISA-Etüd ausgetosch. Dës gouf den 8. September 2026 vun der OECD publizéiert.
D’Resultater si fir Lëtzebuerg éischter beonrouegend. An de Naturwëssenschaften, an der Mathematik a virun allem beim Liesverständnis leien d’Lëtzebuerger Schüler ënnert der OECD-Moyenne.
De Ricardo Marques huet an der Educatiounskommissioun betount, datt d’PISA-Etüd 2025 net just als internationale Ranking sollt gekuckt ginn. Fir hie wier vill méi wichteg, d’Resultater als Geleeënheet ze notzen, fir „ganz éierlech op eis Schoul ze kucken“ an sech d’Fro ze stellen, wat zu Lëtzebuerg besser gemaach ka ginn.
Hien huet drop higewisen, datt d’Zuelen a verschiddene Beräicher kloer Problemer weisen. Zu Lëtzebuerg gëtt et ze vill Jonker, déi déi elementar Basiskompetenzen net erreechen. Beim Liese sinn dat ronn 38 Prozent vun de 15-järege Schüler, an der Mathematik 37 Prozent an an den Naturwëssenschaften 32 Prozent.
De Ricardo Marques huet ënnerstrach, datt ee sech mat där Situatioun net zefridde dierft ginn. D’Resultater missten analyséiert a besser verstane ginn. Gläichzäiteg misst een, esou den Ricardo Marques, alles dru setzen, fir d’Situatioun ze verbesseren.
Eng einfach Léisung, eng „magesch Formel“ géif et senger Meenung no awer net ginn. Ëmsou méi wichteg wier et, déi verschidden Zuelen am Detail ze analyséieren an och ze kucken, wéi eng Facteuren hannendru stinn.
Besonnesch opgefall ass dem Ricardo Marques eng Ausso aus der Etüd, no där 50% vun de Jonke géif opginn, wann eng Aufgab méi schwéier gëtt. „Wann et e bësse méi schwéier gëtt, dann halen ech op“, huet hien d’Haltung beschriwwen, déi aus dësen Donnéeën ervirgeet. Dat misst, senger Meenung no, d’Politik an d’Schoulwelt beschäftegen.
Fir de Ricardo Marques stellt sech dowéinst och d’Fro, ob Leeschtung nees méi staark an de Mëttelpunkt vun der Schoul misst geréckelt ginn. Hien huet sech fir eng „méi leeschtungsfäeg Schoul“ ausgeschwat, an där all Schüler dozou motivéiert gëtt, sech weiderzeentwéckelen an sech no uewen ze orientéieren.
D’PISA-Resultater wieren domat, esou de Ricardo Marques, virun allem eng Invitatioun, d’Stäerkten an d’Schwächte vum Lëtzebuerger Schoulsystem éierlech ze analyséieren an op Basis dovu Verbesserungen auszeschaffen
FAQ: Wat seet d’PISA-Etüd 2025 iwwer Lëtzebuerg?
- Wat ass d’PISA-Etüd 2025?
D’PISA-Etüd gëtt vun der OECD gemaach. Si vergläicht d’Leeschtunge vu Schüler a verschiddene Länner. Gekuckt gëtt ënner anerem op Naturwëssenschaften, Mathematik a Liesverständnis. - Wéini gouf d’PISA-Etüd 2025 publizéiert?
D’Etüd gouf den 8. September 2026 vun der OECD publizéiert. - Wéi schneit Lëtzebuerg an de Naturwëssenschaften of?
Lëtzebuerg kënnt op 474 Punkten. D’OECD-Moyenne läit bei 482 Punkten. - Wéi gesinn d’Resultater an der Mathematik aus?
An der Mathematik erreeche Lëtzebuerger Schüler 458 Punkten. D’OECD-Moyenne läit bei 463 Punkten. - Wéi ass d’Situatioun beim Liesverständnis?
Beim Liesverständnis kënnt Lëtzebuerg op 443 Punkten. D’OECD-Moyenne läit bei 461 Punkten. - Wéi grouss ass den Impakt vum sozialen Ëmfeld?
D’Ënnerscheeder tëscht sozial favoriséierten a benodeelegte Schüler si grouss. An de Naturwëssenschafte läit den Ecart bei 130 Punkten, an der Mathematik bei 114 Punkten an am Liesverständnis bei 108 Punkten. - Sinn déi sozial Ënnerscheeder zu Lëtzebuerg méi grouss wéi an der OECD?
Jo. An allen dräi Beräicher sinn d’Ënnerscheeder zu Lëtzebuerg méi grouss wéi am OECD-Duerchschnëtt. - Wéi vill Schüler hunn schouleschen Réckstand?
27,3 Prozent vun de Schüler zu Lëtzebuerg hunn op d’mannst ee Joer schoulesche Réckstand. Am OECD-Duerchschnëtt sinn et 10,9 Prozent. - Wéi vill Schüler erreechen de Basisniveau beim Liesen net?
38 Prozent vun de Schüler zu Lëtzebuerg erreechen net de Basisniveau beim Liesverständnis. - Gëtt et och positiv Resultater?
Jo. D’Ënnerscheeder tëscht Schüler mat an ouni Migratiounshannergrond si méi kleng ginn. - Wat seet d’Etüd iwwer Smartphones am Klassesall?
D’Etüd weist, datt Smartphones an aaner digital Hëllefsmëttel d’Schüler am Unterrecht oflenke kënnen. - Wéi vill Schüler benotze kënschtlech Intelligenz fir ze léieren?
47 Prozent vun de Schüler zu Lëtzebuerg soen, datt si reegelméisseg KI benotzen, fir ze léieren. - Wat bedeiten d’Resultater fir de Lëtzebuerger Schoulsystem?
D’Resultater weisen, datt et virun allem beim Liesen, an der Mathematik an an de Naturwëssenschaften nach grouss Erausfuerderunge gëtt. Och déi sozial Ënnerscheeder bleiwen e wichtegt Thema.
FAQ: Wat fuerdert de Ricardo Marques no de PISA-Resultater?
- Wéi bewäert de Ricardo Marques d’PISA-Etüd 2025?
Fir de Ricardo Marques soll d’PISA-Etüd net just als internationale Ranking gekuckt ginn. Vill méi wichteg wier et, d’Resultater ze notzen, fir „ganz éierlech op eis Schoul ze kucken“ an ze analyséieren, wat zu Lëtzebuerg besser gemaach ka ginn. - Wou gesäit hien déi gréisste Problemer?
Hie weist virun allem op d’Basiskompetenzen hin. Nach ëmmer géifen ze vill Jonker beim Liesen, an der Mathematik an an de Naturwëssenschaften net de néidegen Niveau erreechen. - Wéi soll d’Politik op dës Resultater reagéieren?
Fir de Ricardo Marques dierf een sech mat der aktueller Situatioun net zefridde ginn. D’Resultater misste genee analyséiert ginn, fir ze verstoen, wou d’Problemer leien a wéi de Schoulsystem verbessert ka ginn. - Gëtt et senger Meenung no eng einfach Léisung?
Nee. Eng „magesch Formel“ géif et net ginn. Dofir misst een d’Zuelen am Detail kucken an och analyséieren, wéi eng Facteuren hannert de Resultater stinn. - Wat mécht him bei der Motivatioun vun de Schüler Suergen?
De Ricardo Marques huet eng Ausso aus der Etüd ervirgehuewen, no där vill Jonker bei méi schwieregen Aufgabe séier opginn. D’Haltung „Wann et e bësse méi schwéier gëtt, dann halen ech op“ misst senger Meenung no eescht geholl ginn. - Soll Leeschtung nees méi eng grouss Roll spillen?
Fir de Ricardo Marques stellt sech kloer d’Fro, ob Leeschtung nees méi staark an de Mëttelpunkt vun der Schoul sollt réckelen. Hien huet sech fir eng „méi leeschtungsfäeg Schoul“ ausgeschwat. - Wat versteet hien ënner enger méi leeschtungsfäeger Schoul?
Eng Schoul, an där Schüler dozou motivéiert ginn, sech weiderzeentwéckelen, sech unzestrengen an hiert Potenzial besser auszeschöpfen. - Wat ass säi Fazit aus de PISA-Resultater?
Fir de Ricardo Marques sinn d’Resultater virun allem eng Invitatioun, d’Stäerkten an d’Schwächte vum Lëtzebuerger Schoulsystem éierlech ze analyséieren an dorop opbauend konkret Verbesserungen auszeschaffen.