D’CSV-Fraktioun huet sech mat Vertrieder vun der Bauerenallianz ausgetosch. Mat derbäi waren d’Deputéiert Jeff Boonen, Stéphanie Weydert an Octavie Modert. Am Mëttelpunkt vum Gespréich stoung e Bilan no zwee Joer CSV-DP Koalitioun: Wou sti mir, wat ass bis elo geschitt a wou besteet weider Handlungsbedarf?
Ugeschwat goufen ënner anerem d’Waasserproblematik, de Waasserschutz, d’Reduzéierung vu Klimagasen an Ammoniakemissiounen, dat zukünftegt Agrargesetz souwéi de Spagat tëschent gesetzlechen Obligatiounen, politeschen Ziler an der néideger Flexibilitéit fir d’Betriber um Terrain.
E weidere wichtege Punkt war d’Zukunft vum Mëllechsecteur zu Lëtzebuerg am Kontext vun der aktueller EKABE-Problematik. Positiv ervirgehuewe gouf, datt d’Landwirtschaft och am Kader vun der Tripartite berécksiichtegt gouf an Ënnerstëtzung zougesot krut.
Och rezent europäesch Entwécklungen, ënner anerem iwwer nei Gentechnik bei Planzen waren Deel vum konstruktiven Austausch.
D’CSV-Fraktioun wäert déi ugeschwate Sujete weider begleeden a steet och an Zukunft am enke Kontakt mam landwirtschaftleche Secteur.