Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet a sozial Sécherheet, d’Madamm Minister fir Gläichstellung an Diversitéit an un d’Madamm Minister fir Fuerschung an Héichschoul weiderzeleeden.
D’Medezin orientéiert sech bis haut a ville Beräicher um männleche Kierper, sief et an der Fuerschung, an der Diagnostik oder an der Therapie. Dëst féiert dozou, datt Fraen am Gesondheetssystem strukturell benodeelegt ginn. Si hunn aner Risikofaktoren, aner Symptomer an dacks och aner Krankheetsverleef. Bei schwéiere Krankheeten ewéi Häerzinfarkter weise Fraen zum Beispill dacks aner Unzeeche wéi Männer mat der Konsequenz, datt Diagnosen ze spéit oder falsch gestallt ginn an d’Behandlung net optimal ass.
Zousätzlech baséieren Therapien a Medikamenter nach ëmmer gréisstendeels op Fuerschung déi sech u männleche Probanden orientéiert. D’Konsequenzen si der Medezin bekannt, ginn awer nach ëmmer net konsequent ugepaakt. D’Wëssen ëm dës Ongläichbehandlung setzt sech nëmme lues duerch, op Käschte vun der Gesondheet vu Fraen.
D’Gendermedizin setzt genee hei un: Si analyséiert biologesch a sozial Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter a soll dozou bäidroen, strukturell Versuergungslücken an der Fuerschung an an der medezinescher Praxis ze schléissen. Aner Länner sinn hei schonn e Schratt weider. An Däitschland gouf schonn 2017 en nationalen Aktiounsplang „Fraegesondheet“ vum Bundesministär fir Fraen, Wëssenschaft a Fuerschung presentéiert. Rezent huet d’Bundesfuerschungsministesch Dorothee Bär ugekënnegt, all Joer 18 Milliounen Euro gezielt an d’Gendermedizin ze investéieren.
An deem Zesummenhang wéilt ech gäre follgend Froen un d’Madamm Minister fir Gesondheet a sozial Sécherheet, d’Madamm Minister fir Gläichstellung an Diversitéit an un d’Madamm Minister fir Fuerschung an Héichschoul stellen.
- Firwat gëtt et zu Lëtzebuerg nach keen Aktiounsplang „Fraegesondheet“, a besteet d’Bereetschaft, esou en Aktiounsplang op de Wee ze bréngen?
- Wéi wëll d’Regierung sécherstellen, datt Dokteren a Fleegepersonal an de Spideeler a Fleegeheemer verpflichtend fir genderspezifesch Aspekter an Diagnos, Behandlung a Fleeg sensibiliséiert a weidergebilt ginn?
- Gedenkt d’Regierung, d’Fuerschung zum Thema Fraegesondheet a Gendermedizin och zu Lëtzebuerg gezielt a finanziell ze fërderen, anstatt sech op auslännesch Erkenntnisser ze verloossen?
- Firwat ass d’Gendermedizin nach ëmmer net systematesch Bestanddeel vun der Medezinner-Ausbildung zu Lëtzebuerg? Ass virgesinn, dëst an Zukunft verbindlech ze verankeren?
- Wäert d’Regierung sech dofir asetzen, datt genderspezifesch Donnéeën an der Gesondheetsfuerschung a bei klinesche Studie systematesch erhuewe ginn, fir eng gerecht an evidenzbaséiert Versuergung vu Fraen ze garantéieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nancy Arendt
Deputéiert