Wisou sinn vum 5. September 2022 bis de 26. September 2022, 152.640 Dosen Pfizer/BioNTech an 258.274 Dosen Moderna Impfstoff op Lëtzebuerg geliwwert ginn ?

Claude WISELER

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Wéi aus dem Rapport vun der Regierung „COVID-19: Rétrospective de la semaine du 19 au 25 septembre 2022“ ervirgeet, sinn am Zäitraum vum 5. September 2022 bis de 26. September 2022, 152.640 Dosen Pfizer/BioNTech an 258.274 Dosen Moderna Impfstoff op Lëtzebuerg geliwwert ginn. Iwwerdeems sinn d‘Zuelen u verofreechten Impfunge géint de COVID-19 Virus zu Lëtzebuerg tendenziell stark réckleefeg.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Kann d’Madamm Gesondheetsministesch déi uewe genannten Zuele confirméieren?
    • Wa jo, wisou ginn elo esou Quantitéiten un Impfdosen op Lëtzebuerg geliwwert?

 

Här President, ech bieden Iech des Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler

Deputéierten