Wéi eng Projet’en fir Wandmille goufen um Ëmweltministère an de leschten 10 Joer agereecht?

Jean-Paul SCHAAF

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Wandmillen un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

 

D’Wandenergie ass e wichtege Pilier fir ons Klimaziler ze erreechen a gläichzäiteg ons méi onofhängeg vun de fossillen Energieimporter, wéi zum Beispill aus Russland, ze maachen. D’Geneemegungsprozedure fir eng Wandmillen opzeriichte sinn awer relativ komplex a laangwiereg.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d'Ministesch stellen:

  • Wéi eng Projet’en fir Wandmille goufen um Ëmweltministère an de leschten 10 Joer agereecht?
  • Kann d’Ministesch eenzel oplëschte wou di Projet’en jeeweils dru sinn?
    • Wéini sinn se an d‘Prozedur gaangen, jeeweils opgelëscht no Kommodo an Naturschutzgeneemegung?
    • Wéini ass eng definitiv Decisioun fir de Bau am Ëmweltministère geholl ginn?
    • Wéi vill a wei eng Projet‘en si geneemegt ginn?
    • Wéi vill a wei eng Projet‘en si refuséiert ginn?
    • Wat ware d'Grënn vun engem Refus?
  • Wéi eng Projet’en sinn de Moment nach an der Prozedur?
    • Wéini sinn se agereecht ginn?
    • Wou ass di Geneemegungsprozedur drun?
  • Wéi laang dauert eng Geneemegungsprozedur am Duerchschnëtt (vun der initialer Planung bis zur fäerdeger Wandmillen di Energie produzéiert)?
    • Wéi oft koum et zu Verzögerungen opgrond vu Kloe vun Intressevertrieder oder Biergerinitiativen?
    • Ass ee gewëllt di Geneemegungsprozeduren ze vereinfachen an ze entbürokratiséiere?
      • Wann jo, wéi wëll een dat erreechen?
      • Wann nee, wat sinn d’Grënn?

 

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten