Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kandheet a Jugend weider ze leeden.
Ëmmer méi Dokteren a Wëssenschaftler weisen drop hin, datt d’Omikron-Variant bei Puppelcher a Kanner ënner 3 Joer riskéiert, de sougenannte Pseudokrupp ze provozéieren, wouduerch et dann och zu méi Hospitaliséierunge kënnt, wéi et grad a Groussbritannien ze beobachten ass. Dës Weidere maachen d’Kannerdokteren allgemeng op méiglech Komplikatiounen duerch Otemnout, Long-Covid oder de „Syndrome inflammatoire multi-systémique“ (PIMS oder MISC) bei Kanner opmierksam. Et ass nach ze fréi, fir zu dëse Laangzäitfolge scho Resultater aus wëssenschaftleche Studien ze hunn.
Wëssend, datt Kanner ënner 2 Joer keng Masken dierfen undoen an ënner 6 Joer keng sollen undoen, muss een dovun ausgoen, datt déi aktuell sanitär Mesuren an de Crèchen, am Precoce an am Cycle 1 just e Monitoring vun den Infektiounen zouloossen, ouni awer kënnen Ustiechungen ze verhënneren.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
- Ass d’Regierung der Meenung, datt de momentanen Dispositif vu sanitären Mesuren an de Crèchen, am Precoce an am Cycle 1 den aktuelle wëssenschaftlechen Erkenntnisser no duergeet, fir dës Kanner adequat ze schützen oder misst dësen iwwerduecht ginn?
- Wann net, op wéi enge wëssenschaftlechen Donnéeë baséiert dës Entscheedung?
- Wéi eng Méiglechkeeten hunn Elteren, déi hir Kanner wëlle virun enger Infektioun schützen?
- Huet de Pilotprojet vum „Réseau de prise en charge pluridisciplinaire du long-COVID“ och Date vu Kanner gesammelt?
- Wëssend, datt dëse Projet just fir 6 Méint ugeduecht war an deemnächst misst auslafen, gedenkt d’Regierung de Projet weiderzeféieren an eventuell auszebauen?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Max Hengel Martine Hansen
Deputéierten Deputéiert