Wéi eng Verantwortung dréit Lëtzebuerg bei méigleche Verstéiss vun Israel géint d'Vëlkerrecht? Mat dëser Fro huet sech d'Chamber an enger Orientéierungsdebatt beschäftegt. Am Mëttelpunkt stoung virun allem d'Situatioun an de besate palästinensesche Gebidder. Fir d'CSV huet de Fraktiounspresident Laurent Zeimet Stellung geholl.
Am Virfeld vun der Debatt hat d'CSV-Fraktioun beim däitsche Vëlkerrechtler Prof. Dr. Matthias Herdegen e juristescht Gutachten an Optrag ginn fir ze ënnersichen, wéi eng éventuell vëlkerrechtlech Verpflichtunge respektiv Verantwortung Lëtzebuerg kéint hunn .
Déi wichtegst Conclusioune vum Gutachte sinn:
- Keng automatesch Matverantwortung
Normal wirtschaftlech an diplomatesch Bezéiunge mat Israel maachen Lëtzebuerg net automatesch matverantwortlech fir méiglech Vëlkerrechtsverstéiss. Dofir missten konkret Viraussetzungen fir eng Ënnerstëtzung vun esou Handlungen erfëllt sinn.
- Keng allgemeng Sanktiounspflicht
Dem Gutachten no verflicht dat internationalt Recht Lëtzebuerg net automatesch dozou, spezifesch Sanktioune géint Israel ze verhänken oder seng wirtschaftlech Bezéiungen ofzebriechen.
- EU-Recht berücksichtegen
National Handelsrestriktiounen, notamment en Importverbuet vu Produiten aus israeelesche Siidlungen, werfen europarechtlech Froen op, well déi gemeinsam Handelspolitik an d’Kompetenz vun der EU fällt. Dofir am Fall vun enger Décision, missten mir europäesch handelen.
- International Verpflichtung respektéieren
Lëtzebuerg muss seng vëlkerrechtlech Verpflichtunge respektéieren, dorënner d’Preventioun vu Genozid an d’Verbuet, illegal Handlungen z’ënnerstëtzen. Doraus ergëtt sech awer net automatesch eng Pflicht zu enger bestëmmter Mesure.