Fraktiounspresident

Laurent ZEIMET

51 Joer
Bezierk: Süden
Sektioun: Bettembourg

Kontakt

Comitéen

  • CSV Sektiounscomité: Member
  • CSV Nationalcomité: Member

Mandater

  • Deputéierten

Funktiounen

  • Fraktiounspresident

Biografie Laurent Zeimet:

Laurent Zeimet, gebuer den 12. Oktober 1974 zu Esch-sur-Alzette an opgewuess zu Betebuerg, huet Droit op der Universität Köln an op der Université Paris 1 Panthéon-Sorbonne studéiert. 

Seng Etuden huet hie mat engem duale Master am däitschen a franséischen Droit ofgeschloss. 

Berufflech war hien als Journalist am Politik-Ressort vum Luxemburger Wort aktiv. 

Seng politesch Karriär huet 2004 ugefaangen, wéi hie fir d’CSV an de Gemengerot vu Betebuerg gewielt gouf.  Vun 2011 bis Enn 2025 stung hien insgesamt baal 15 Joer laang als Buergermeeschter un der Spëtzt vun enger CSV-Déi Gréng-DP-Koalitioun. 

Vun 2012 bis 2019 hat hie de Poste vum CSV-Generalsekretär bekleed. 

De Laurent Zeimet ass de 4. November 2014 Deputéierte ginn, wéi hie fir de Jean-Claude Juncker an d‘Chamber nogeréckelt ass. Bei de Walen vum Oktober 2023 gouf hien direkt an d’Parlament gewielt. 

Vum 15. Mäerz 2022 bis dohi war hie Member vum Staatsrot. 

Den 10. Dezember 2025 ass de Laurent Zeimet als CSV-Fraktiouns-President gewielt ginn.

An der Chamber leed hien d’Institutiounekommissioun, hien ass Vize-Präsident vun der aussepolitescher Kommissioun a Member vun der Finanzkommissioun, der Kommissioun fir Justiz an der Règlementskommissioun.

De Laurent Zeimet ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.