Harald Martenstein: Die Mitte muss wieder mehr Courage haben

De Journalist a Kolumnist Harald Martenstein gesäit déi däitsch Parteielandschaft an engem fundamentalen Ëmbroch. Am Interview mam CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet schwätzt hien iwwer den Opstig vun der AfD, d’„Brandmauer“ vun der CDU, déi Lénk zu Berlin, Antisemitismus an d’Zukunft vun der politescher Mëtt an Däitschland.

Den Harald Martenstein gehéiert zanter Joerzéngten zu de bekannte Stëmmen am däitsche Journalismus. Laang huet hie fir Die Zeit geschriwwen, haut publizéiert hien ënner anerem fir d'Bild. Am Gespréich mam Laurent Zeimet huet hien déi aktuell politesch Situatioun an Däitschland analyséiert.

„In Deutschland zerbröselt gerade das etablierte Parteiensystem“, seet den Harald Martenstein.

Fir hien ass dat awer kee reng däitsche Phenomen. A villen europäesche Länner géifen déi traditionell Parteien u Buedem verléieren, wärend nei a virun allem rechtspopulistesch Parteien u Stäerkt gewannen.

D’„Brandmauer“ stellt d’CDU virun e Problem

Besonnesch d’CDU an d’CSU stinn dem Harald Martenstein no virun engem Dilemma. Engersäits wëll d’Union net mat der AfD zesummeschaffen. Anerersäits gëtt et duerch d’Stäerkt vun der AfD ëmmer méi schwéier, parlamentaresch Majoritéiten ze fannen.

Fir den Harald Martenstein huet d’Union sech mat hirer „Brandmauer“ géint d’AfD selwer staark ageschränkt.

„Wer heute in Deutschland bei Bundestagswahlen CDU wählt, kann sich nur einer einzigen Sache wirklich sicher sein: CDU-Politik wird dabei nicht herauskommen.“

Eng Koalitioun tëscht CDU an AfD fuerdert hien domadder net. Ënner anerem bei der Aussepolitik gesäit den Harald Martenstein kloer Differenzen. Hien hält et awer fir falsch, all Zesummenaarbecht prinzipiell vu vir eran auszeschléissen.

Wa Parteien an enger konkreter Fro déi selwecht Positioun hunn, misst et och méiglech sinn, datselwecht ze stëmmen, esou seng Argumentatioun. Eng gemeinsam Ofstëmmung wier nach lang keng gemeinsam Regierung.

Firwat Wieler bei d'AfD wiesselen

Datt den Opstig vun der AfD besonnesch am Ausland mat Suerg gekuckt gëtt, kann den Harald Martenstein novollzéien. E Verglach mat der NSDAP vun 1933 hält hien awer fir falsch. D’NSDAP hätt sech offen géint d’Demokratie gestallt an eng Diktatur ugestrieft. Esou eng explizitt Fuerderung gesäit hien net am Parteiprogramm vun der AfD. Dat bedeit fir hien awer net, datt all Positioune vun der AfD onproblematesch sinn. 

Gläichzäiteg warnt de Martenstein dofir, all AfD-Wieler an een Deppen ze geheien. Vill vun hinne wiere fréier Wieler vun CDU oder SPD, déi sech vun hiren Parteien net méi vertruede fillen. Ee Saz géif hien dobäi ëmmer nees héieren:

„Ich habe die CDU nicht verlassen, die CDU hat mich verlassen.“

Fir déi etabléiert Parteie wier et dowéinst wichteg sech mat de Grënn vun dëser Onzefriddenheet auserneenzesetzen.

Eng nei Lénk zu Berlin?

Och op der anerer Säit vum politesche Spektrum gesäit den Harald Martenstein grouss Verännerungen. Hien nennt do den Erfolleg vun Déi Lénk zu Berlin déi hien als „Islamlinke“ betitelt. Seng These: Deeler vun den däitsche Lénken hätten sech vun hire klassesche sozialistesche Wuerzele fortbeweegt a géifen haut nei Wielerschichten a muslimesche Milieue sichen.

Fir den Harald Martenstein ass dat souwuel eng ideologesch wéi och eng waltaktesch Entwécklung. Déi klassesch Aarbechterklass gëtt als zouverlässeg Wielerbasis vun de lénke Parteien ëmmer méi schwaach. Aner gesellschaftlech Gruppen, dorenner aus der muslimescher Communautéit, huelen no a no dei Plaz an.

Antisemitismus an Israel

Besonnesch däitlech gëtt den Harald Martenstein beim Antisemitismus. Hie verweist op Berichter vu Judden zu Berlin, déi sech a bestëmmte Quartieren net méi sécher fillen oder hir jiddesch Identitéit net méi offen weise wëllen a kënnen.

Hie kritiséiert dobäi virun allem dat, wat hien als zweeërlee Mooss an der gesellschaftlecher Debatt gesäit.

„Das macht mich fuchsteufelswild, wenn es nicht mehr darauf ankommt, ob etwas richtig oder falsch oder skandalös ist, sondern hauptsächlich darauf, wer es macht.“

Antisemitismus misst senger Meenung no ëmmer mat der selwechter Konsequenz verurteelt ginn, egal ob e vu riets, vu lénks oder aus islamistesche Milieue kënnt.

Och beim Verhältnis vun Däitschland zu Israel gesäit den Harald Martenstein eng Verännerung. D’Solidaritéit mat Israel wier offiziell nach ëmmer Deel vun der däitscher Staatsräson, mee de gesellschaftleche Konsens géif méi brécheg ginn.

„Etwas mehr Courage“

Um Enn vum Gespréich stung d’Fro, ob et an engem ëmmer méi polariséierte politeschen Ëmfeld nach eng staark konservativ Vollekspartei an eng politesch Mëtt brauch.

Fir den Harald Martenstein ass d’Äntwert kloer jo. Mä eng staark Mëtt misst virun allem wëssen, fir wat se steet an dës Positiounen och vertrieden.

„Diesen Mut sollte die Mitte haben. Etwas mehr Courage.“

Säi Message un déi traditionell Volleksparteien war kloer: D’Mëtt dierf sech net aus Angscht virun de politesche Extremen vu riets a lenks dreiwe loossen. Si muss hir eege Positiounen definéieren an de Courage hunn, se och ze vertrieden.