Couragéiert. Responsabel. Fir Lëtzebuerg.
Beim traditionellen Déjeuner de Presse huet de President vun der CSV-Fraktioun, Laurent Zeimet, zesumme mat den Deputéierten eng positiv Bilanz vun der Chambersessioun 2025/2026 gezunn. An de leschte Méint wiere wichteg Reformen decidéiert, gestëmmt oder entscheedend virubruecht ginn, déi konkret am Alldag vun de Leit ukommen.
De Laurent Zeimet huet dobäi déi gutt Zesummenaarbecht mam Koalitiounspartner DP ervirgehuewen. D’CSV wier 2023 ugetrueden, fir Verantwortung ze iwwerhuelen, d’Land ze moderniséieren a Lëtzebuerg besser op d’Zukunft virzebereeden. No der éischter Hallschent vun der Legislaturperiod wier schonn e groussen Deel vun dëser Aarbecht ugepaakt an emgesat ginn.
„Eis Politik ass gräifbar: Mir stäerken d’Kafkraaft, mir suerge fir méi Sécherheet, mir ënnerstëtzen d’Betriber a mir investéieren an d’Zukunft vun eisem Land“, esou de Laurent Zeimet. „Mir huelen déi Decisiounen, déi néideg sinn – mat Courage, mat Verantwortung a mam Bléck op déi bescht Léisunge fir Lëtzebuerg.“
Sozialdialog nei belieft – Kafkraaft konkret gestäerkt
Als ee vun de wichtegste Resultater vun der Chambersessioun huet de Laurent Zeimet den Accord an der Tripartite an de Resilienzpak ervirgehuewen.
An enger Zäit vu wirtschaftlecher a geopolitescher Onsécherheet wier et dem Premier Luc Frieden an der Regierung gelongen, zesumme mat de Gewerkschaften an dem Patronat en Accord ze fannen, deen d’Leit entlaascht, d’Inflatioun bremst, Aarbechtsplazen ofsechert an d’Land méi resilient mécht.
D’Energiepräisser fir Stroum, Gas, Bensinn, Diesel a Mazout ginn ofgefiedert. De Staat iwwerhëlt e groussen Deel vun den Netzkäschte beim Stroum. Gläichzäiteg ginn d’Hëllefe fir Photovoltaikanlagen, Wärmepompelen an aner Investitiounen an d’Energietransitioun ausgebaut.
Besonnesch wichteg ass d’Upassung vum Mindestloun. Bis den 1. Juli 2027 sollen d’Leit um Mindestloun duerch eng strukturell Erhéijung an e cibléierte Steierkredit insgesamt ronn 300 Euro méi netto an der Täsch hunn.
Cibléiert hëllefen a sozial Sécherheet garantéieren
Mat dem éischten nationalen Aktiounsplang géint Aarmut goufen 106 konkret Mesurë virgeluecht. De Complément de vie chère gëtt gestäerkt, d’finanziell Hëllef fir eeler Leit ausgebaut an d’Bedeelegung un de Käschte vun Altersheemer a betreite Wunnstrukturen erhéicht.
Och bei de Pensioune gouf Sécherheet geschaf. D’Pensioune goufen den 1. Januar 2026 ëm 1,5 Prozent ugepasst. De Pensiounssystem gouf méi nohalteg opgestallt, an et goufen zousätzlech steierlech Ureizer fir Leit geschaf, déi méi laang am Beruffsliewe wëlle bleiwen. Donieft gouf de Plaffong fir d’steierlech Ofsetzbarkeet vun der privater Altersvirsuerg erhéicht.
Méi Sécherheet am Alldag an eng méi efficace Justiz
Och am Beräich vun der bannenzeger Sécherheet goufe wichteg CSV-Prioritéiten ëmgesat. Mam „Plazverweis renforcé“ ginn et méi kloer Reegelen, fir Rou a Sécherheet am ëffentleche Raum ze garantéieren. D’Unité de Police locale an zousätzlech Poliziste sollen d’Policepresenz um Terrain weider verstäerken.
Mam Asyl- a Migratiounspak ginn Uerdnung a Mënschlechkeet zesummegeduecht: mat kloere Prozeduren, Respekt virum Rechtsstaat a Schutz fir déi Leit, déi tatsächlech Schutz brauchen.
Gläichzäiteg gëtt d’Justiz mat 100 neie Riichterposte verstäerkt. D’Geriichtsprozedure ginn digitaliséiert a moderniséiert. D’„comparution accélérée“ gouf op den Instanzewee bruecht, fir méi séier op bestëmmte Strofdoten ze reagéieren.
An d’Zukunft investéieren
An der Mobilitéit goufe wichteg Projete virubruecht: de séieren Tram, d’Erweiderung vum Tramsreseau bei den CHL , Rekordinvestitiounen an d’Schinneninfrastruktur, d’Contournementer zu Hesper a Käerjeng, de Masterplang fir den Ausbau vum Findel an d’Virbereedung op autonomt Fueren.
An der Wirtschaftspolitik goufen d’Betriber steierlech entlaascht an d’Grënnung vun Entreprisë vereinfacht. D’Hëllefe fir d’energeetesch Transitioun vun der Industrie an de PME goufen ausgebaut. Investitiounen a Start-ups ginn iwwer Steierkreditter gefërdert.
Och beim Logement ginn d’Prozedure vereinfacht an digitaliséiert. De VEFA-Programm gouf massiv opgestockt, d’individuell Wunnengsbäihëllefe goufen ugepasst an energetesch Renovatioune méi attraktiv gemaach. Mam Prinzip „Silence vaut accord“ a weidere Vereinfachunge soll méi séier neie Wunnraum entstoen.
Méi Chancegerechtegkeet an der Bildung
An der Bildung steet d’Chancegerechtegkeet am Mëttelpunkt. Mam Projet ALPHA gëtt d’Méiglechkeet geschaf, d’Alphabetiséierung op Däitsch oder Franséisch unzebidden. D’Schoul passt sech domat besser un d’Realitéit vun enger diverser Gesellschaft un.
D’Schouloffer gouf weider diversifizéiert, d’Studiebäihëllefe verbessert an d’Elterevertriedung gestäerkt. Och d’Reform vum Chèque-service soll zu enger finanzieller Entlaaschtung vun de Famillje bäidroen.
„All Kand soll déi bescht méiglech Chancen hunn – onofhängeg vu senger Mammesprooch oder sengem sozialen Hannergrond“, esou de Laurent Zeimet.
E modernen a staarke Staat
Och an der Fonction publique goufe wichteg Fortschrëtter gemaach. Den Accord salarial gouf ëmgesat, de Staatsexamen an de Sproochentest goufe reforméiert an d’Carrièrë C1 an C2 harmoniséiert. En neie Kollektivvertrag verbessert d’Aarbechtskonditioune vu ronn 2.500 Staatsaarbechter.
An der Verdeedegung iwwerhëlt Lëtzebuerg seng Verantwortung. D’Verdeedegungsausgabe sollen bis 2029 op 2,3 Prozent vum PIB klammen. Mat dem Defence Bond, der Revalorisatioun vun der Carrière vum fräiwëllegen Zaldot an enger méi staarker Bedeelegung vu lëtzebuergesche Betriber gëtt d’national Verdeedegung gestäerkt.
Ausbléck: Steierreform a weider Entlaaschtungen
Fir déi nächst Méint läit de Fokus vun der CSV-Fraktioun op der séierer Ëmsetzung vun der Steierreform.
Mat der eenheetlecher Steierklass soll de Steiersystem méi modern, méi gerecht a méi transparent ginn. Vun 2028 u soll d’Steiertabell nees reegelméisseg un d’Inflatioun ugepasst ginn.
„Mir wëllen net, datt d’Leit duerch d’Inflatioun ëmmer méi Steiere bezuelen. Fir eis gëllt: méi Netto vum Brutto a méi Gerechtegkeet am Steiersystem“, sou de Laurent Zeimet.
D’CSV-Fraktioun wäert och an der zweeter Hallschent vun der Legislaturperiod konsequent weiderschaffen: mat konkrete Moossnamen, déi d’Leit entlaaschten, d’Betriber stäerken an d’Land sécher, modern a resilient fir d’Zukunft opstellen.
Couragéiert. Responsabel. Fir Lëtzebuerg.