Austausch mat der SPAL zur Zukunft vun der Arméi

De Fraktiounspresident Marc Spautz an de Spriecher fir d'Defensepolitik, Alex Donnersbach haten e konstruktiven Austausch mat de Vertrieder vum Syndicat Professionnel de l'Armée Luxembourgeoise (SPAL) zu de Defie vun der Arméi. Fir fir d'Zukunft gerëscht ze sinn an déi néideg Effektiven ze erreechen, muss d'Arméi attraktiv sinn, fir nei Rekrutten unzezéien. Dozou gehéiert och, iwwer de Statut an de Loun nozedenken.