Wéi kënnt et, datt d’Kommissariater vu Monnerech a Schëffleng net zum Projet fir en neit Police-Gebai zu Esch gehéieren ?

Marc SPAUTZ

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Bis elo war d’Police-Kommissariat Porte du Sud zoustänneg fir d’Gemenge Schëffleng, Monnerech a Recken op der Mess. An der rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro, war ze liesen datt d’Kommissariater vu Monnerech a Schëffleng net zum Projet fir en neit Police-Gebai zu Esch géife gehéieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen:

Wat heescht dës Ausso fir dat aktuell Kommissariat Porte du Sud?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten