Här President,
Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.
Laut RTL-Informatiounen géif Fage säi Molkerei-Projet zuLëtzebuerg ad acta ze leeën. Et hätt déi lescht Deeg nachVerhandlungen mam Wirtschaftsministère ginn.
Mir wéilten duerfir folgend Froen un den Här Wirtschaftsministerstellen : - Kann de Minister dës Informatiounen confirméieren ?
- Wat koum bei deene Verhandlungen zur Sprooch? - Huet déi betraffe Firma Grënn fir hire Réckzuch genannt ? Wa jo, wéi eng ? - Wat gëtt aus den Terrainen, déi de Staat dem griichescheJugurtsproduzent verkaf huet ? Plangt de Staat, déi neeszréckzekafen an zu wéi engem Präis ?Mat déifstem Respekt,
Martine Hansen
Laurent Mosar
Claude Wiseler
Deputeiert