Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul weiderzeleeden.
D’Studentefoire 2025 huet de leschte Weekend zu Belval stattfonnt an domat hir, zënter e puer Editiounen, etabléiert Verankerung am Süde vum Land confirméiert. D’Manifestatioun gëllt als ee vun de wichtegste Rendez-vousen am nationale Kalenner vun der Studien- a Beruffsorientéierung: Schüler an Eltere kréien an engem kompakte Kader en Iwwerbléck iwwer in- an auslännesch Offeren, d’Zouloossungsbedéngungen, d’Finanzéierungsméiglechkeeten an d’Transitiounsphasen tëscht Lycée an Héichschoul. Gläichzäiteg ass d’Foire eng Schaufënster fir eis Héichschoulen an ëffentlech Verwaltunge fir hir Programmen, Innovatiounen a Servicer virzestellen.
Eis gouf matgedeelt, dass d’ACEL an déi zougehéireg Cerclen net zefridde mat der aktueller Ausleeung vun der Studentefoire, déi säit 2020 um Belval organiséiert gëtt, sinn. Sie bemängelen net nëmmen dass duerch de Plazmangel, d’Foire iwwer verschidde Gebaier verdeelt ass, mee dass duerch déi reduzéiert Kapazitéit vum Site verschidden Acteuren net méi kennen un der Foire deelhuele wat een Deel vun der Attraktivitéit vun der Foire ewechhellt. Doriwwer eraus, mécht d’Verdeelung et net méiglech fir d’Schüler an zwou Stonnen dat ganzt Potential vun de Stänn ze erfaassen.
Duerch déi limitéiert Kapazitéit vum Site, kënnt dobäi, dass contrairement zum Site an der LuxEXPO, wou am Joer 2016 nach 232 Stänn vertruede waren, aktuell nëmmen nach ongeféier 130 Acteure konnten deelhuelen. Dat huet och zur Konsequenz, dass d’Implantatioun vum Site eng Croissance vun der Foire onméiglech mécht.
Fir eng Rei Lycéen/Eltere schéngt och den Trajet bis op de Standuert Belval ze vill wäit/komplizéiert ze sinn. Laut der Ëmfro hunn d’ Schüler geschätzt 56,6 Minutten Trajet op sech geholl fir op d’ Foire ze kommen.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul stellen:
Wéi eng Evaluatioun huet de Ministère bis elo iwwert d‘Studentefoire zënter hirem Verleeë vum Standuert op Belval gemaach?
Wéi vill Visiteure goufen an de leschte sechs Editioune jee gezielt, am Verglach zu de Joren, wou d’Studentefoire nach an der Stad (Luxexpo) ofgehale gouf?
Kann de Ministère eng Oplëschtung vun der Unzuel un Aussteller aus deene sechs Editioune virleeën?
Huet de Ministère Enquêten oder Feedbacke vun de Participanten (Schüler, Elteren, Schoulen an Aussteller) analyséiert, a wa jo, wat si d’Haaptconclusiounen?
Gëtt et Iwwerleeungen, d’Organisatioun oder d’Lokalisatioun vun der Studentefoire nach eemol z’iwwerpréiwen, fir hir Attraktivitéit ze iwwerdenken?
Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Kemp Maurice Bauer Ricardo Marques
Deputéiert Députéierten Députéierten