Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
D’Participatioun un engem Cours d’initiation à la langue luxembourgeoise spillt eng wichteg Roll fir Persounen, déi am Kader vun enger Naturalisatiounsprozedur déi lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen. An der Praxis ginn awer Lëtzebuergesch-Coursen net nëmme vum Service de la formation des adultes selwer, mee och vun aneren ëffentlechen oder kommunale Strukture proposéiert. Dës Coursen droen dacks offiziell Bezeechnungen, bezéien sech op de gemeinsamen europäesche Referenzkader fir Sproochen a ginn no Ofschloss mat engem Certificat de participation attestéiert.
Et ass mir zougedro ginn, datt Persounen, déi un Lëtzebuergesch-Coursen deelgeholl hunn, déi vun enger Gemeng organiséiert goufen, eréischt no Ofschloss vum Cours respektiv am Kader vun hirer Naturalisatiounsprozedur gewuer goufen, datt de Lëtzebuergeschcours, deen si wärend ville Stonnen suivéiert hunn, net unerkannt gett am Kader vun hirer Demande fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit.
Déi betraffe Persounen hunn laut hierem Certificat en Niveau A1.2 vum Cadre européen commun de référence pour les langues am Lëtzebuergeschen. De Certificat de participatioun war souwuel mat der Entête vun der Gemeng déi de Cours organiséiert huet, wéi och vun der Entête vum Ministère de l’Éducation nationale et de la Jeunesse - Service de la formation des adultes versinn.
Mir sinn Fäll zougedroe ginn an deenen de Formateur mol net um Courant war, datt deen vun him proposéierte Cours elo net méi am Kader vun der Naturalisatiounsprozedur unerkannt géing ginn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Kann den Här Minister detailléiert duerleeën, wéi eng inhaltlech, administrativ a formell Critèrë mussen erfëllt sinn, fir datt e Lëtzebuergesch-Cours als „cours d’initiation à la langue luxembourgeoise“ am Sënn vum Artikel 28 vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit unerkannt gëtt?
Wéi gëtt séchergestallt, datt Gemengen an aner ëffentlech oder konventionéiert Organisateuren esou wéi d’Formateuren, déi Lëtzebuergesch-Coursen ubidden, präzis an zäitno driwwer informéiert ginn, wéi eng Coursen am Kader vun der Naturalisatiounsprozedur unerkannt kënne ginn a wéi eng net?
Wat ass sinn d’Ënnerscheeder tëscht engem Niveau A1.2 vum Cadre européen commun de référence an dem Cours d’initiation à la langue luxembourgeoise esou wéi en vum Artikel 28 vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit?
Wéi kann et sinn datt Certificater fir d’lëtzebuerger Sprooch mat der Entête vum Ministère de l’Éducation nationale et de la Jeunesse - Service de la formation des adultes émettéiert ginn an dann duerno net unerkannt ginn am Kader vun der Naturalisatiounsprozedur?
Gesäit den Här Minister eng Méiglechkeet, fir Persounen, déi a guddem Glawen un esou engem Lëtzebuergesch-Cours deelgeholl hunn, deen herno net unerkannt gouf, eng Ausgläichsreegelung virzegesinn? Immerhinn hunn déi betraffe Persounen deels souguer méi Stonnen Cours suivéiert wéi deen deen gesetzlech virgeschriwwen ass.
Kann den Här Minister präziséieren, ob et eng zentral, ëffentlech zougänglech Lëscht vun de Lëtzebuergesch-Coursë gëtt, déi am Kader vum Artikel 28 vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit unerkannt sinn a wou dës Coursen ugebuede ginn? Falls net, ass den Här Minister bereet, esou eng Lëscht anzeféieren, fir de Biergerinnen a Bierger eng kloer Orientéierung ze ginn? Ginn déi Coursen an allen Ecker vum Land ugebueden?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.