Huet den Här Minister Kenntnis vu Fäll, wou den Adapto-Chauffeur am Déngscht wéinst techneschen Defaillancen net iwwer den Handy vum Bus-Prestataire z’erreeche war ?

Martine HANSEN

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte  weiderzeleeden.

Beim Adapto-Service kënnt et laut Aussoe vu Leit mat ageschränkter Mobilitéit – déi  an hirem Alldag op des spezifesch Transport-Offer op Demande ugewise sinn – ëmmer  nees zu Mëssverständnesser, Schwieregkeeten an Tëschefäll. Sou gouf et mengen Informatiounen no rezent e Fall, bei deem e Chauffeur op sengem éischte Schaffdag direkt eleng op d’Streck geschéckt ginn ass – mam Resultat, dass hie mat sengem Gefier net op der ofgemaachener Plaz op säi Client gewaart huet an déi concernéiert Persoun  gemengt huet, den Adapto-Bus kéim net. Doriwwer eraus geet och vu Fäll rieds, bei deenen de Firmen-Handy, iwwer deen de Adapto-Chauffeur ka kontaktéiert ginn, net fonctionéiert.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte  stellen :

  • Kann den Här Minister mech am Detail iwwer d’Aweisungsprozedur vun neien Adapto-Chauffeuren informéieren ?
  • Huet den Här Minister Kenntnis vu Fäll, bei deenen dës Aweisungsprozedur net duerchgefouert gouf ?
    • Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir ?
    • Wéi soll an Zukunft assuréiert ginn, dass kee Chauffeur méi ouni Initiatioun op d’Streck geschéckt gëtt ?
  • Huet den Här Minister Kenntnis vu Fäll, wou de Chauffeur am Déngscht wéinst techneschen Defaillancen net iwwer den Handy vum Bus-Prestataire z’erreeche war ?
  • Wéi ass d’Prozedur fir z’assuréieren, dass den Adapto-Chauffeur zu all Moment via d’Adapto-App erreechbar ass an dass hien och vun der Mobilitéitszentral telefonesch ka kontaktéiert ginn ?
  • Gëtt et an deem Kontext e Kontrollsystem fir d’Bedreiwer vun den Adapto-Bussen, fir sécherzestellen, dass all spezifesch technesch Equipementer fonctionéieren ?
    • Wa jo, wéi gesäit dee Kontrollsystem an der Praxis aus an a wéi enger Frequenz ginn d’Prestatairen op hir Effikassitéit hin iwwerpréift ?
    • Wann net, ass den Här Minister net der Meenung, dass sou e System misst agefouert ginn, dëst am Interessi vun deene Leit, déi an hirem Alldag op d’Adapto-Servicer ugewise sinn ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin