Am Kader vum « Pacte Logement » sinn an de Joren 2008 - 2017 anscheinend eng 88 Konventiounen bei der Erstellung vun engem PAP tëscht deene jeeweilege Gemengen a Baupromoteuren a Bezuch op déi 10% « Logement à coût modéré » erstallt ginn. Kann den zoustän

Marc LIES

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert d’Applikatioun vum « Logement à coût modéré » am Kader vum « Pacte Logement » un den Här Logementsminister an un Madamm Inneminister weiderzeginn.

Laut mengen Informatiounen sinn am Kader vum « Pacte Logement » an de Joren 2008 - 2017 anscheinend eng 88 Konventiounen bei der Erstellung vun engem PAP tëscht deene jeeweilege Gemengen a Baupromoteuren a Bezuch op déi 10% « Logement à coût modéré » esou wéi den Artikel 29 aus dem Gesetz et virgesäit erstallt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister an un Madamm Inneminister riichten.

  • Zu wat fir engem Präis goufen an dëse Konventiounen déi 10% un abordabele Wunnengen par Rapport zum « prix moyen annoncé » vum Observatoire de l’Habitat vum Liser erstallt?
  • Kann den zoustännege Minister versécheren datt déi an där jeeweileger Konventioun fixéiert Präisser och esou applizéiert gi sinn?
  • Kann den zoustännege Minister versécheren datt keng Konventioun approuvéiert ginn ass mat enger Klausel wou op eng eventuell Präishausse an de kommende Joer spekuléiert gëtt, an doduerch nach e Benefice op abordabele Wunnengen realiséiert kéint ginn?
  • Wier et méiglech eng Oplëschtung mat allen Konventiounen an der diesbezüglecher Applikatioun vu Präisser ze kréien?
  • Wéi vill vun dëse abordabele Wunnengen sinn an de Besëtz vun enger Gemeng oder engem Promoteur public gaangen?
  • Sinn dës Wunnengen iwwert d’Applikatioun vum « bail emphytéotique » verkaf ginn?
  • Wa jo, op wat fir eng Dauer ass de Bail fixéiert ginn, a wat ass d’Period vum Virkafsrecht?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten