No de Wahlen vum 8. Oktober 2023 ass CSV-Fraktioun déi gréisst politesch Fraktioun um Krautmaart. CSV-Fraktioun ass déi parlamentaresch Vertriedung vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei. Si zielt 21 Memberen.
Nieft der viller legislativer Aarbecht déi an der CSV-Fraktioun geleescht gëtt, sinn eis Memberen och Auteure vu verschiddene Gesetzespropositioune souwéi parlamentareschen Ufroen zu de verschiddensten Themen. Ausserdeem froen d’CSV-Deputéiert regelméisseg Aktualitéitsstonnen, Interpellatiounen an Orientéierungsdebatten un. Och ginn ëmmer erëm eng Rei Motiounen an Resolutioune vun der CSV-Fraktioun an der Chamber hannerluecht.
Fraktiounen déi an der Chamber vertruede sinn, sinn d’Haaptacteuren an der parlementarescher Aarbecht. Sou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, genéisse Fraktioune verschidde Privileger a Kompetenzen, déi deen eenzelnen Deputéierten net besetzt.
Am Géigensaatz zu villen aneren, méi grousse Länner ass et bei eis seelen, dass een eenzelnen Deputéierten ee perséinleche Mataarbechter engagéiert.
CSV Fraktioun verfügt iwwer een «Pool de collaborateurs» wou Mataarbechter fir de Suivi vun der parlamentarescher Aarbecht responsabel sinn. De Pool besteet aus «Conseillers Parlementaires» a gëtt vun engem Fraktiounssekretär geleet. Si all ginn an hirer Aarbecht vun engem administrative Sekretariat ënnerstëtzt.
D’Mataarbechter aus dem Pool schaffen zesumme mat den Deputéierten un den politeschen Dossieren an begleeden si an hirer alldeeglecher Aarbecht an der Chamber.
Fraktiounsbüro
De Büro vun der CSV-Fraktioun ass déi responsabel Instanz an allen administrative Froe vun der Fraktioun. Hien decidéiert ausserdeem déi extern Kommunikatiounsstrategie vun der Fraktioun an tranchéiert, wann néideg, an internen Ugeleeënheeten. Hie kann och politesch Theme virbereeden, déi dann zu engem spéideren Zäitpunkt an der Fraktiounsversammlung debattéiert ginn. De Bureau setzt sech aus sechs Membere mat gläichem Stëmmrecht zesummen a gëtt geleet vum President vun der Fraktioun. Ënnert de Membere befënnt sech och de Fraktiounssekretär. De Fraktiounssekretär, dee kee Stëmmrecht huet, hëlt un de Bürossetzungen deel, an dat mat berodender Stemm.
Membere vum Bureau sinn Laurent Zeimet (Fraktiounspresident), Diane Adehm (Vizepresidentin), Stéphanie Weydert (Vizepresidentin), Paul Galles, Michel Wolter, Octavie Modert, Charles Weiler (Membere) an Norry Dondelinger (Fraktiounssekretär).