Laurent Zeimet: „Wéi sécher ass Europa nach?“

Laurent Zeimet: „Mir liewen net méi an de gemittlechen 90er Joren“

D’Dronevirfäll zu Lëtzebuerg, d’Sécherheet an Europa, den Opstig vu rietse Parteien, Migratioun an déi sozial Netzwierker. Am RTL-„Background am Gespréich“ huet de CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet zu enger Rei aktuellen Dossiere Stellung geholl. Seng Haaptausso: Europa muss méi staark ginn a méi Verantwortung fir seng eege Sécherheet iwwerhuelen.

Dronevirfäll: „Et soll een net panikéieren“

No de rezenten Dronevirfäll iwwer Lëtzebuerg warnt de Laurent Zeimet viru Spekulatiounen. Et soll een „net panikéieren“, sot hien. Positiv wier, datt de Sécherheetsdispositif fonctionéiert an déi zoustänneg Servicer reagéiert hätten.

Gläichzäiteg misst een d’Virfäll eescht huelen. Wann e puer mol bannent enger Woch méi grouss Dronen iwwer dem Land opdauchen, wier dat kaum Zoufall. Elo misst ofgewaart ginn, wat d’Enquêten erginn.

Méi europäesch Verdeedegung

Fir de CSV-Fraktiounspresident weisen déi international Spannungen, datt Europa sech op eng nei Realitéit astelle muss.

„Mir sinn net méi an deene rouegen, gemittlechen 90er Joren“, sot de Laurent Zeimet. Europa misst seng eege Verdeedegungsfäegkeet stäerken.

Dobäi geet et fir hien net nëmmen ëm méi Ausgaben. Europa brauche och eng staark Verdeedegungsindustrie an eng glaubwierdeg Ofschreckung. De Laurent Zeimet huet an deem Kontext op d’Ofhängegkeet vun den USA higewisen.

Wann Europa méi Verantwortung fir seng Sécherheet wëll iwwerhuelen, misst Europas och déi néideg Kapazitéiten opbauen.

Skepsis bei enger Iwwergewënnsteier

Eng Iwwergewënnsteier fir Pëtrolskonzerner gesäit de Laurent Zeimet skeptesch. Et géif och Argumenter géint esou eng Steier ginn, well se kontraproduktiv kéint sinn.

Bei den Energie- a Bensinspräisser misst gekuckt ginn, ob déi bestoend Mesure verlängert oder méi cibléiert Hëllefen agesat ginn. Doriwwer misst ënner anerem an der Tripartite diskutéiert ginn.

Fir de Laurent Zeimet däerf dobäi awer de Grond fir déi héich Präisser net aus dem Bléck geroden.

Suerg wéinst der AfD

De staarken Zoulaf fir d’AfD an Däitschland mécht dem Fraktiounspresident vun der CSV Suergen. Besonnesch problematesch wier, datt d’Partei net méi just an den östleche Bundeslänner staark ass.

De Laurent Zeimet huet an deem Kontext och d’Roll vun der CDU ervirgehuewen. Déi däitsch Chrëschtdemokraten hätten nom Zweete Weltkrich eng wichteg Roll fir d’Stabilitéit vun Däitschland an Europa gespillt.

Eng Schwächung vun där politescher Kraaft wier dowéinst och fir Lëtzebuerg an Europa relevant, esou de CSV-Fraktiounspresident.

„Koalitioune bilde sech no de Walen“

Op d’Fro no enger méiglecher Zesummenaarbecht mat der ADR huet de Laurent Zeimet sech net geäntwert.

„Koalitioune bilde sech no de Walen“, sot hien. Entscheedend wier, ob Parteien inhaltlech zesumme passen.

Mat Bléck op déi aktuell Aussepolitik vun der ADR war hie däitlech: No den Aussoe vum ADR-Deputéierte Fred Keup an der Emissioun gesäit de Laurent Zeimet do „keng Iwwerschneidunge mat der CSV“.

Migratioun: Suerge vun de Leit eescht huelen

Beim Opstig vu rietse Parteien an Europa gesäit de Laurent Zeimet och e Lien mat der Migratiounspolitik.

D’Migratiounsfro wier a verschiddene Länner ze laang ignoréiert oder „schéi geriet“ ginn. Europa misst seng Grenzen am Grëff hunn an op konkret Problemer reagéieren.

Wann d’Politik d’Suergen an der Bevëlkerung net eescht hëlt, géif dat de Parteien um rietse Bord zousätzlech Zoulaf ginn, esou de Laurent Zeimet.

Méi Verantwortung fir sozial Netzwierker

Bei engem Social-Media-Verbuet fir Jonker ass de Laurent Zeimet zeréckhalend. E generellt Verbuet wier fir hien net déi éischt Äntwert.

Méi wichteg wier e sécheren Zougang zu de sozialen Netzwierker. Dat gëllt fir Jonker, mee och fir Erwuessener. Besonnesch den Afloss vun Algorithmen an auslänneschen Acteure misst méi staark thematiséiert ginn.

Och d’Plattformbedreiwer misst ee méi an d’Verantwortung huelen. Genee wéi Zeitungen a Radioe kéinten och sozial Netzwierker sech net komplett aus hirer Verantwortung fir Verbreeden vun Inhalter eraushalen, sot de Fraktiounspresident vun der CSV Laurent Zeimet.

Den RTL-Background am Replay: 

https://www.rtl.lu/news/national/ddeputeiert-aus-der-aussepolitescher-c…

FAQ: D’Käraussoe vum Laurent Zeimet am RTL-Background

  • Wat seet de Laurent Zeimet zu den Dronevirfäll zu Lëtzebuerg?

De Laurent Zeimet warnt viru Panik a Spekulatiounen, hellt déi rezent Dronevirfäll awer eescht. De CSV-Fraktiounspresident begréisst, datt de Sécherheetsdispositif fonctionéiert huet an déi zoustänneg Servicer reagéiert hunn. Wann e puer mol bannent enger Woch méi grouss Dronen iwwer Lëtzebuerg opdauchen, wier dat senger Meenung no kaum Zoufall. Elo misst een d’Resultater vun den Enquêten ofwaarden.

  • Firwat fuerdert de Laurent Zeimet méi europäesch Verdeedegung?

De Laurent Zeimet wëll, datt Europa méi Verantwortung fir seng eege Sécherheet iwwerhëlt. Europa misst seng Verdeedegungsfäegkeet stäerken, eege Kapazitéiten opbauen an iwwer eng staark Verdeedegungsindustrie verfügen. Eng glaafwierdeg Ofschreckung kéint et nëmme ginn, wann Europa och déi néideg Mëttel dofir huet.

  • Wat mengt de Laurent Zeimet mat der Ausso „Mir liewen net méi an de gemittlechen 90er Joren“?

De Laurent Zeimet mengt, datt Europa sech op eng méi onsécher geopolitësch Realitéit astelle muss. Déi Zäit, an där Europa sech op eng stabil Sécherheetsuerdnung verloosse konnt, wier eriwwer. Déi aktuell Konflikter an Tëschefäll géifen däitlech maachen, datt Europa seng Sécherheet an international Roll nei denke muss.

  • Wéi bewäert de Laurent Zeimet d’Ofhängegkeet vun Europa vis-à-vis vun den Amerikaner bei der Verdeedegung?

De Laurent Zeimet gesäit déi staark Ofhängegkeet vun Europa vun den USA bei der Verdeedegung als Risiko. Hien huet drop higewisen, datt d’europäesch Verdeedegung haut staark iwwer d’NATO an d’USA garantéiert gëtt. Europa misst dowéinst méi eege Kapazitéiten an eng glaubwierdeg Ofschreckung opbauen.

  • Wat ass dem Laurent Zeimet seng Positioun zu enger Iwwergewënnsteier fir Pëtrolskonzerner?

De Laurent Zeimet steet enger Iwwergewënnsteier fir Pëtrolskonzerner skeptesch géintiwwer. Esou eng Steier kéint senger Meenung no kontraproduktiv sinn. Bei héijen Energie- a Bensinspräisser sollt éischter gekuckt ginn, ob bestoend Mesure verlängert oder méi cibléiert Hëllefen agesat ginn.

  • Wat seet de Laurent Zeimet zum Opstig vun der AfD an Däitschland?

De Laurent Zeimet mécht sech Suergen iwwer de staarken Zoulaf fir d’AfD an Däitschland. Besonnesch d’Tatsaach, datt d’Partei net méi nëmmen an den ëstleche Bundeslänner staark ass, hält hie fir eng relevant Entwécklung fir Lëtzebuerg an Europa. Hien huet an deem Kontext och virun enger Schwächung vun de politesche Kräften gewarnt, déi Däitschland an Europa iwwer Joerzéngte matgepräägt hunn.

  • Wei steet de Laurent Zeimet zu enger Kolaiotioun tëscht CSV an ADR ?

De Laurent Zeimet huet Fro vun enger zukünfteg Koalitioun tëscht CSV an ADR am Interview net beäntwert. Koalitioune géife sech no de Wale bilden, an entscheedend wier, ob Parteien inhaltlech zesumme passen. Bei den aktuellen aussepolitesche Positioune vun der ADR gesäit hien awer keng Iwwerschneidunge mat der CSV.

  • Wéi gesäit de Laurent Zeimet de Lien tëscht Migratioun an dem Opstig vu rietse Parteien?

De Laurent Zeimet gesäit déi ze laang vernoléissegt Migratiounsfro als ee Facteur fir den Opstig vu rietse Parteien an Europa. D’Migratioun wier a verschiddene Länner ze laang ignoréiert oder „schéi geriet“ ginn. Europa misst seng Grenzen am Grëff hunn a konkret op d’Suergen an der Bevëlkerung reagéieren.

  • Wat ass dem Laurent Zeimet seng Positioun zu engem Social-Media-Verbuet fir Jonker?

De Laurent Zeimet setzt éischter op e sécheren Zougang zu soziale Netzwierker wéi op e generellt Social-Media-Verbuet fir Jonker. Hie gesäit Problemer beim Afloss vun Algorithmen an auslänneschen Acteuren a wëll d’Plattformbedreiwer méi staark an d’Verantwortung huelen. Sozial Netzwierker kéinte sech senger Meenung no net komplett aus hirer Verantwortung fir Verbreeden vun verschiddenen Inhalter eraushalen.

  • Wat ass dem Laurent Zeimet seng zentral Botschaft zur Zukunft vun Europa?

De Laurent Zeimet plädéiert fir e méi staarkt Europa, dat seng Sécherheet méi autonom garantéiere kann an international mat enger staarker Stëmm optrëtt. Hie gesäit d’geopolitesch Situatioun als däitlech méi onsécher wéi an de Joerzéngten nom Kale Krich a fuerdert, datt Europa seng Verdeedegungsfäegkeet an Handlungsfäegkeet stäerkt.