Méi Kafkraaft. Méi Ënnerstëtzung. Méi Perspektive fir eis Familljen.

An enger Zäit, an där d'Liewenskäschte staark geklomme sinn, ass et eis Aufgab, d'Kafkraaft vun de Familljen nohalteg ze stäerken an ze schützen.

Dofir féiere mir ab dem 1. Januar 2027 eng Rei vu konkrete Mesuren an, déi d'Familljen am Alldag entlaaschten an hir finanziell Situatioun nohalteg verbesseren.

Kannergeld 2027: Bis zu 60 Euro méi de Mount pro Kand 

D'Kannergeld gëtt spierbar erhéicht: ëm 45 Euro pro Mount fir Kanner ënner 12 Joer op an ëm 60 Euro pro Mount fir Kanner iwwer 12 Joer.  

Dat op 360 Euro fir Kanner ënner 5 Joer, 384 Euro de Mount fir Kanner bis 12 Joer a 434 Euro fir Kanner iwwer 12 Joer.

Méi Sue fir de Schoulufank

Och d'Allocation de rentrée scolaire gëtt däitlech verbessert. Si klëmmt vun 115 op 175 Euro fir Kanner vun 6 bis 11 Joer a vu 235 op 325 Euro fir Kanner iwwer 12 Joer. 

Automatesch Indexéierung schützt d'Kafkraaft

Fir sécherzestellen, datt dës Ënnerstëtzunge laangfristeg hir Wierkung behalen, ginn d'Kannergeld, d'Allocation de rentrée scolaire, d'Gebuertszoulag an d'Allocation spéciale supplémentaire an Zukunft rëm automatesch indexéiert.

Sou bleift d'Kafkraaft vun de Familljen och bei steigende Liewenskäschte geschützt.

Bis zu 3.000 Euro zousätzlech Hëllef fir akommesschwaach Familljen

Eis Opmierksamkeet gëllt besonnesch deene Familljen, déi am Alldag op eng méi staark Ënnerstëtzung ugewise sinn. Dofir féiere mir eng nei zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung fir verschidde Famillje mat schoulflichtege Kanner an déi je no Alter vum Kand bis zu 3000€ pro Joer kann ausmaachen. Domat bekämpfe mir gezielt de Risiko vu Kanneraarmut an hëllefen domadder deene Familljen, déi dës Ënnerstëtzung am meeschte brauchen. 

Dat Wichtegst op ee Bléck

  • +45 € pro Mount Kannergeld fir Kanner ënner 12 Joer
  • +60 € pro Mount Kannergeld fir Kanner ab 12 Joer
  • Kanner ënner 5 Joer, 360 Euro de Mount 
  • Kanner bis 12 Joer, 384 Euro de Mount
  • Kanner iwwer 12 Joer, 434 Euro de Mount
  • Allocation de rentrée scolaire op 175 € (6–11 Joer) an 325 € (ab 12 Joer)
  • Automatesch Indexéierung vum Kannergeld, der Allocation de rentrée scolaire, der Gebuertszoulag an der Allocation spéciale supplémentaire
  • Nei Sozialleeschtung fir verschidde Famillje mat niddregem Akommes a schoulflichtege Kanner, bis zu 3.000 € zousätzlech Hëllef jee no Alter vum Kand

Mat dëse Mesure stäerke mir gezielt eis Familljen, am Intérêt vun eise Kanner.