Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Dageseltere leeschten eng wichteg Aarbecht an der Kannerbetreiung. Si bidden de Kanner e familiäert an individuellt Ëmfeld a droen dobäi eng grouss pädagogesch a mënschlech Verantwortung.
An der ëffentlecher Diskussioun gëtt dëse Beruff awer dacks op den Tarif pro Stonn a pro Kand reduzéiert. Dobäi gëtt vergiess, datt nëmmen déi effektiv Präsenzstonne vum Kand verrechent kënne ginn, wärend vill aner Aufgaben – wéi Akafen, Kachen, Botzen, Preparatioun, administrativ Aarbecht oder Opraumen – net verrechent kenne ginn.
Mam neie Gesetzesprojet fir 2027 entsteet ausserdeem bei ville Concernéierten den Androck, datt Assistantes parentales zwar offiziell als selbstänneg an onofhängeg gëllen, an der Praxis awer ëmmer méi staark encadréiert a limitéiert ginn. Si droen d’Risike vun enger selbstänneger Aktivitéit, dat ouni garantéiert Pai, ouni Garantie op genuch Kanner, a mat ville Käschten ewéi CCSS, Material, Iessen, Assurance, Auto, Stroum, Waasser an administrative Chargen.
Zousätzlech huet d’Gratuitéit vum SEA wärend de Schoulzäiten d’Situatioun fir eng Rei Dageselteren erschwéiert. Doduerch stellt sech d’Fro, ob déi aktuell Tariffer nach der Realitéit vum Beruff entspriechen an ob eng reegelméisseg Upassung noutwenneg ass.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Ass der Regierung bewosst, datt vill Aufgaben am Alldag vun den Dageselteren, wéi Botzen, Akafen, Kachen, Preparatioun an administrativ Aarbecht, net facturabel sinn, obwuel se integral zum Beruff gehéieren? Gedenkt d’Regierung dës onsichtbar Aarbechtszäit bei enger zukünfteger Evaluatioun vum Modell mat anzebannen?
Verfüügt d’Regierung iwwer Zuelen, wéi vill Assistantes parentales hir Aktivitéit an de leschte Joren opginn hunn, respektiv wéi vill nei Autorisatiounen am selwechten Zäitraum ausgestallt goufen?
Gedenkt d’Regierung eng automatesch Indexéierung oder eng reegelméisseg Upassung vum Stonnentarif un d’Entwécklung vun de Liewenskäschten anzeféieren, fir datt d’Recettë vun den Dageselteren net permanent hannert de steigende Käschten zeréckbleiwen?
Huet d’Regierung Analysen oder Donnéeën doriwwer, wéi sech d’Reform vum SEA wärend de Schoulzäiten op d’Aktivitéit, d’Zuel vun de betreite Kanner an d’finanziell Situatioun vun den Dageselteren ausgewierkt huet? Falls jo, kann den Här Minister dës Resultater matdeelen?
Wéi eng konkret Mesurë plangt d’Regierung, fir de Beruff vun den Dageselteren nees méi attraktiv, finanziell nohalteg a gesellschaftlech unerkannt ze maachen, besonnesch fir déi Persounen, déi dëse Beruff als Haaptaktivitéit ausüben?
Kann d'Regierung analyséieren, ob d'Berufserfarung an d'Formation continue vun den Assistantes parentales am Kader vun der VAE méi staark kënne valoriséiert ginn, fir den Accès op unerkannt Diplomer am sozialen a pedagogesche Beräich ze erliichteren?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.