Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz an un d’Madamm Mobilitéitsministesch weiderzeleeden.
Déi gewalttäteg Protester a Frankräich kënnen och eng Gefor fir Touristen a Geschäftsleit duerstellen. Déi franséisch Autoritéiten hu doniewt mëttlerweil a verschiddene Stied lokal an zäitlech begrenzten Ausgangsspäre verhaangen. Dës Situatioun ka Konsequenze fir Leit hunn, déi eng Rees an déi betraffe Gebidder gebucht hunn. Well eenzel Reese riskéieren annuléiert ze ginn, respektiv well déi betraffe Persoune kuerzfristeg entscheede mussen, ob si hir Rees untrieden oder net, géif ech gäre follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz an un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit stellen.
Ënner wéi enge Konditioune kënne Leit, déi hir Rees a Frankräich wéinst den Onrouen oder den Ausgangsspären net untriede kënnen, hir Buchungen ouni zousätzlech Käschten annuléieren an e Remboursement kréien?
Wéi eng Reegelen zielen dobäi fir separat gebuchte Flich an Hotelopenthalter, a wéi eng fir Pauschalreesen?
Wéi gesäit et aus, wann de Fluch, Zuch, TGV oder den Hotelopenthalt weider ugebuede gëtt, déi betraffe Persounen hir Rees awer wéinst konkrete Sécherheetsbedenken oder ageschränkter Beweegungsfräiheet net untriede wëllen?
Wéi ginn déi betraffe Leit kuerzfristeg iwwer hir Rechter informéiert, a wou kënnen si Ënnerstëtzung kréien, wann eng Fluchgesellschaft, d’SNCF, en Hotel oder e Reesorganisateur de Remboursement refuséiert?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.