Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul an den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Déi rezent Virfäll am Zesummenhang mat méiglechem Mëssbrauch, onrechtméissegem Zougang zu Leeschtungen a méigleche Korruptiounsfäll an der Direction générale de l’immigration hunn d’Bedeitung vu funktionéierenden interne Kontrollmechanismen an der ëffentlecher Verwaltung nach eng Kéier däitlech ervirgehuewen.
Dës Entwécklunge werfen d’Fro op, ob an anere sensibele Verwaltungsberäicher genuch Garantië bestinn, fir Mëssbrauch, gefälschten Dokumenter oder onreegelméissegen administrativen Decisioune virzebeugen. Dat gëllt besonnesch fir d’Prozedure ronderëm d’Unerkennung an d’Homologatioun vun auslänneschen Diplomer, wou d’Authentizitéit vun den agereechten Dokumenter eng zentral Viraussetzung fir eng korrekt administrativ Decisioun duerstellt.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul an den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Wéi gëtt am Kader vun der Homologatioun an der Unerkennung vun auslänneschen Diplomer a Certificaten kontrolléiert, datt déi virgeluechten Diplomer oder Certificaten an déi dozou gehéierend Dokumenter authentesch sinn, an net gefälscht oder op eng aner Manéier manipuléiert goufen?
Op wéi eng Instrumenter oder international Zesummenaarbechte gräifen déi zoustänneg Servicer zeréck, fir d'Authentizitéit vun auslänneschen Diplomer a Certificaten z'iwwerpréiwen?
Falls d’Authenticitéit net iwwerpréiwt gett, wéilt ech wëssen firwat dat net iwwerpréift gett?
Goufen an de leschte fënnef Joer Fäll festgestallt, an deenen Diplomer oder aner Dokumenter, déi am Kader vun enger Homologatioun virgeluecht goufen, sech als gefälscht oder net authentesch erausgestallt hunn? Wa jo, wéi vill Fäll waren dat, a wéi gouf dorop reagéiert?
Ass virgesinn, bäi de Servicer, déi fir d'Homologatioun an d'Unerkennung vun auslänneschen Diplomer a Certificaten zoustänneg sinn, intern Auditen oder eng Iwwerpréiwung vun de Kontrollprozeduren duerchzeféieren?
Falls nee, aus wéi enge Grënn gëtt op esou eng präventiv Iwwerpréiwung verzicht, obwuel si dozou bäidroe kéint, méiglech Schwaachstelle fréi z'erkennen an d'Qualitéit an d'Sécherheet vun de Prozedure weider ze stäerken?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.