Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës
parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister weiderzeleeden.
No der Ukënnegung, datt d’Filmland-Studios zu Kielen hir Aktivitéiten den 31. Juli
astellen, steet d’Lëtzebuerger Filmbranche virun enger grousser Erausfuerderung.
D’Studioe waren zanter 2013 als zentral Infrastrukture geduecht, fir Lëtzebuerg als
attraktiven Dréistanduert fir national an international Produktiounen ze positionéieren.
Si hunn e komplette Service ugebueden – vun Tournagen iwwer Postproduktioun bis hin
zu Spezialeffekter – an hunn esou zum Opbau vun engem kompetitiven audiovisuelle
Secteur bäigedroen.
Trotz artisteschen Erfolleger a renomméierte Kollaboratiounen ass d’Entreprise elo
wéinst wirtschaftleche Schwieregkeeten, verstäerktem internationale Konkurrenzdrock
a strukturelle Contrainten net méi viabel. Zousätzlech kënnt dës Entwécklung no der
Faillite vu Paul Thiltges Distributions, wat d’Situatioun an der Branche weider
verschäerft.
An deem Kontext wëll ech follgend Froen un den Här Kulturminister stellen:
- Wéi bewäert d’Regierung den Impakt vun der Fermeture vun de Filmland-Studios zu Kielen op d’Attraktivitéit an d’Kompetitivitéit vum Filmstanduert Lëtzebuerg?
- Gesäit d’Regierung d’Gefor, datt international Filmproduktiounen a Koproduktiounen an Zukunft manner heefeg op Lëtzebuerg kommen, wéinst dem Verloscht vun esou enger zentraler Infrastruktur?
- Kann déi entstanen Infrastrukturlück kompenséiert ginn, a wa jo, wéi?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.