Deputéiert Ricardo Marques a Jean-Paul Schaaf haaten kierzlech en konstruktiven Austausch mat der FEDAS Luxembourg, der Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg, iwwert déi aktuell Erausfuerderungen am soziale Secteur. Am Mëttelpunkt vum Gespréich an der CSV-Fraktioun stoung de Protocole d’entente tëscht de Privatträger an dem zoustännege Ministère. Donieft gouf och iwwer méiglech Weeër diskutéiert, fir d’Akteuren um Terrain nach besser z’ënnerstëtzen an d’Qualitéit nohalteg ze stäerken.