Entrevue mam Schwäizer Ambassadeur Benno Laggner

Den neie Schwäizer Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Benno Laggner gouf vum Fraktiounspresident Laurent Zeimet empfaangen. Den Här Laggner bléckt op eng laang Experienz an der Diplomatie zréck mat staarkem Fokus op der multilateraler Zesummenaarbecht am Kader vun UNO, OSZE oder och der Internationaler Agence fir Atomenergie. New York, Berlin, Wien ware Statiounen, wou hien international Gremien am Beräich Nuklear- a Sécherheetspolitik geleet huet. 

D'Relatiounen tëscht Lëtzebuerg souwéi der EU an der Schwäiz ware Sujet vum Gespréich. Dëst war awer och vum Echange iwwer déi ugespaanten international Situatioun gepräägt.